Mandant
Tutorial mat Erklärungen op Lëtzebuergesch a Screenshotten op Franséisch
Aktualiséiert den
An dësem Tutorial erkläre mir Iech unhand vu Screenshotten, wéi Dir online iwwer MyGuichet.lu eng digital Procuratioun erstelle kënnt, wann Dir d’Roll vum Mandant iwwerhuele wëllt (dat heescht, wann Dir enger anerer Persoun d’Gestioun vun Ären Online-Demarchen uvertraue wëllt).
Bei der Erstellung vun der digitaler Procuratioun musst Dir den Identifiant d’espace (och „ID” oder am lëtzebuergesche Sproochgebrauch „Espace-ID” genannt) vun der där Persoun uginn, där Dir d’Gestioun vun Ären Online-Demarchen uvertraue wëllt.
Download
Dësen Tutorial kënnt Dir och an enger accessibeler Versioun als PDF-Dokument (mat Screenshotten) eroflueden.