Mandataire

Tutorial mat Erklärungen op Lëtzebuergesch a Screenshotten op Däitsch

Aktualiséiert den

Zurück zur deutschen Version

An dësem Tutorial erkläre mir Iech unhand vu Screenshotten, wéi Dir online iwwer MyGuichet.lu eng digital Procuratioun erstelle kënnt, wann Dir d’Roll vum Mandataire iwwerhuele wëllt (dat heescht, wann Dir am Numm vun enger anerer Persoun Online-Demarchë maache wëllt).

Bei der Erstellung vun der digitaler Procuratioun musst Dir den Identifiant d’espace (och „ID” oder am lëtzebuergesche Sproochgebrauch „Espace-ID” genannt) vun der där Persoun uginn, fir déi Dir Online-Demarchë maache wëllt.